
Aktiviere Job-Benachrichtigungen per E-Mail!
Erstelle in nur wenigen Minuten einen maßgeschneiderten Lebenslauf
Überzeuge Recruiter und verdiene mehr Geld. Mehr erfahren
Eng Firma am Beräich Client Services an Trier sucht eng Motivéiert Persoun fir Clientë professionell ze betreien. Dir wäert responsabel sinn fir den Accueil vun den Clientë per Telefon a perséinlech, d'Preparatioun vu Dossieren, an d'Redaktioun vun Offeren. Dir sollt perfekt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch beherrschen a gewisen Dynamik, Autonomie an Organisatiounsfaehigkéieren hunn. E Programm u Formatiounen an eng dynamesch Ëmfeld sinn och deel vun der Offer.
Den Accueil vun de Clientë vun der Agence, perséinlech oder um Telefon, assuréieren,
op Froe vun de Clientë vun der Agence reagéieren,
Dossieren preparéieren, fir d‘Visitte vu geschäftleche Clienten,
d‘Redaktioun vun neien Offeren a Kontrakter iwwerhuelen,
de Suivi vun den Dossieren vun de Sinistren assuréieren,
Iech ëm d‘(elektronesch a bréiflech) Post bekëmmeren.
Wann Dir motivéirt sidd iech weider ze bilden an Dir hutt eng kommerziel Oder / sidd kommerziel ungehaucht, kenn Dir och :
d‘Verkafsaktioune vum Grupp suivéieren,
de Suivi vun den Aktiounen assuréieren, déi vun der Agence gefuerdert gi sinn.
Dir beherrscht perfekt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch, all aner Sprooch ass vu Virdeel,
Dir beweist Initiativ, Dynamik an Autonomie,
Dir schafft grëndlech a sidd gutt organiséiert,
Dir hutt e gutt Gespier fir de Service un de Client.
Eng éischt Erfahrung wär vun Virdeel.
e Programm u Formatiounen, déi Ärem Profil an Äre Responsabilitéiten entspriechen,
en dynameschen a professionellen Environnement.