Job Search and Career Advice Platform

Aktiviere Job-Benachrichtigungen per E-Mail!

Expert (M / W / NB) - Centre de ressources « Digiloom »

ARCUS asbl

Ralingen

Vor Ort

EUR 45.000 - 60.000

Vollzeit

Gestern
Sei unter den ersten Bewerbenden

Erstelle in nur wenigen Minuten einen maßgeschneiderten Lebenslauf

Überzeuge Recruiter und verdiene mehr Geld. Mehr erfahren

Zusammenfassung

Eng jonk, dynamesch Organisatioun sucht e Expert (M/W/NB) am CDI fir 30-40 Stonnen pro Woch, déi d'Zukunft vun der digitaler Bildung am Roudecht. Dir wäert innovativ Workshops leeden an déi digital Kompetenzen vun Educateuren stäerken, während Dir an engem inspiréierende kannerfrëndleche Kader schafft. Qualifikatioun an Erzéiungswëssenschaften ass vu Virdeel, mat Sproochekenntnisser a Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch. Mir bieden eng stabil Plaz mat Weiderbildungsgelegenheete.

Leistungen

Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten
Eng Plaz mat staarke Valeuren
Inspiréierend Aarbechtsëmfeld

Qualifikationen

  • Erfarung am Ëmgang mat neie Medien an digitaler Technik.
  • Motivatioun fir individuell Léierprozesser ze ënnerstëtzen.
  • Oppenheet fir Erwuessener fir déi digital Welt ze begeeschteren.

Aufgaben

  • Promovéieren an Ënnerstëtzen vun enger reflektéierter Medienpedagogik.
  • Entwéckelen vun der digitaler Kompetenz vu Professioneller an der Bildungsaarbecht.
  • Plangen a Leede vun innovative Workshops an der Erwuessenenbildung.

Kenntnisse

Héich Kritikfähigkeit für Medienpädagogik
Passioun fir Mediengestaltung
Kreativitéit
Sproochekenntnisser: Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, Englesch

Ausbildung

Qualifikatioun an Erzéiungs- an/oder Mediewëssenschaften
Jobbeschreibung
Du hues Loscht mat eis d'Léierwelt vu muer ze gestalten – fir een zukunftsorientéiert, digital Bildungsaarbecht?

Mir siche fir eise Centre de ressources Digiloom :

Expert (M / W / NB) am CDI mat 30-40 Stonnen / Woch

Den Digiloom

ass de nationale Ressourcenzenter fir digital Bildung a Medien. Als Mataarbechter.in am Digiloom ënnerstëtz du mat fachlechem Know-how, inspiréierende Materialien an engem ureegende Léierraum, pedagogesch Mataarbechter dobäi, Medienbildung reflektéiert, kompetent an alldaags-, esou ewéi och kandgerecht ze gestalten. Dech erwaart eng kreativ, villfälteg an innovativ Aarbecht, bei däers du däin Talent an deng Begeeschterung fir digital Medien an nei Technologië voll a ganz abrénge kanns.

Deng Aufgaben :
  • Promovéieren an Ënnerstëtze vun enger reflektéierter, handlungsorientéierter Medienpedagogik
  • Stäerken an Entwéckele vun der digitaler Kompetenz vu Professioneller an der formaler an non-formaler Bildungsaarbecht
  • Begleeden an Ënnerstëtze vun digitale Bildungsprojeten zesumme mat Partner aus der Bildung, Kultur a Medien
  • Plangen a Leede vun innovative Workshops an der Erwuessenenbildung
  • Zesummenaarbecht an Austausch mat nationalen an internationale Fachinstitutioune
Däi Profil :
  • Erfarungen am Ëmgang mat neie Medien an digitaler Technik
  • Passioun fir Mediengestaltung a Motivatioun fir individuell Léierprozesser ze ënnerstëtzen
  • Kreativitéit an Oppenheet fir Erwuessener fir déi digital Welt ze begeeschteren
  • Sproochekenntnisser a Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch
  • Qualifikatioun an den Erzéiungs- an / oder de Mediewëssenschaften ass vu Virdeel
Wat dech erwaart :
  • Méiglechkeet an engerengagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de kollektivvertrag CCT-SAS
  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddiena Kompetenzen anzebréngen
  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vundenger Passioun bass
  • En dynamescht, modernt, agreabelta multidisziplinär Aarbechtsëmfeld
Iwwert eis :

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Si ass am Beräich vum Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu sengen 1500 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.

(bei enger Astellung froe mir de casier judiciaire)

Hol dir deinen kostenlosen, vertraulichen Lebenslauf-Check.
eine PDF-, DOC-, DOCX-, ODT- oder PAGES-Datei bis zu 5 MB per Drag & Drop ablegen.