Ënner der Responsabilitéit vun der Personalcheffin bass Du zoustänneg fir follgend Aufgaben:
•Gesamt Salairesgestioun mëttels Apsal
•Koordinatioun a Realisatioun vun der administrativer RH Gestioun (Präsenzen/Absencen, Congéen, Chômage intempéries, Ofrechnungen a Subventiounen,Deklaratioune...)
•Präparatioun a Participatioun vun de Rekrutementsprozeduren: Ausschaffen a Verëffentleche vun Annoncen, Selektioun vun CVen, Participatioun un Gespréicher, Kommunikatioun mat de Kandidate
•Kontaktpersoun fir extern Organisatioune wéi CCSS
•Virbereedung vun der Integratioun vun neie Mataarbechter
•Regelméissege Suivi vun der Gesetzgebung am Beräich Paien an Informatioun vun der Hierarchie wann néideg
•Participatioun u verschidde Projeten am RH-Bereich
•Suivi vun de KPI’e vum Service
•Präparatioun vu Rapporte fir d’Direktioun an eis Partner
• Uspriechpersoun fir d’Mataarbechter bei all administrativen RH-Froen
• Participéieren an/oder Ofhale vu Formatioune ronderëm aktiv Aarbechtssich
• Mathëllef bei der Entwéckelung vum Talent Management
• Organisatioun vun den obligatoresche medezinesche Visitten (STI)
• Zesummenaarbecht mam Sécherheetsbeoptraagte bei Accidenter
• Administrativ Aufgaben ewéi Kontrakter opsetzen an Archivéierung iwwerhuelen
PROFIL:
• Minimum DAP administrativ oder mat engem BAC+3 am Beräich Ressources humaines, Administratioun oder Droit
• Gudd Schrëft- a Digitalkenntnisser (Microsoft Office)
• Staark kommunikativ a sozial Kompetenzen
• Gefill fir Responsabiliteit, Organisatioun, Prioriséierung, Dynamik, Flexibilitéit an Diskretioun
• Flichtsprooch: Franséisch
• Zousätzlech ass d’Beherrsche vun enger oder méi vun dëse Sproochen obligatoresch: Portugisesch an/oder Russesch an/oder Lëtzebuergesch an/oder Däitsch an/oder Englesch
• Op mannst 5 Joer Erfarung am RH-Beräich; Erfarung am Interimssecteur ass e Virrdeel
• Selbstännegkeet, Motivatioun, Teamgeescht an Diskretioun sinn onëmgänglech
• Kenntnisser vum Programm Odoo si vu Virdeel
• D’Beherrsche vum APSAL-Programm ass eng virausgesat Bedingung