Ativa os alertas de emprego por e-mail!
Eine gemeinnützige Organisation sucht eine Reinigungskraft für externe Häuser im Süden von Brasilien. Die Rolle umfasst hygienischen Unterhalt sowie die Begleitung von Mitarbeitern mit intellektueller Beeinträchtigung. Bewerber sollten über Berufserfahrung verfügen, die luxemburgische Sprache beherrschen und einen Führerschein Klasse B haben. Attraktive Arbeitsbedingungen basierend auf Kollektivverträgen werden geboten.
D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht eng Botzkraaft fir een CDI - 20 Stonnen/Woch, fir de Spréngerposten an den externen Häiser am Süden - fir direkt oder no Ofsprooch.
Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken ( CV, Motivatiounsbréif ...).
Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.
Responsabilitéiten
Mir sichen eng Botzkraaftfir eis extern Häiser am Süden fir den hygieneschen Ënnerhalt vun de Gebaier an d'Encadrement vu Mataarbechter mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren.
Obligatoresch Ufuerderungen
D'Kandidaten sollen:
iwwert Beruffserfarung verfügen
eegestänneg, grëndlech an organiséiert schaffen kënnen
déi lëtzebuergesch Sprooch beherrschen, franséisch an däitsch sin vun Virdeel
den Führerschäin Klasse B hunn
Mir bidden
attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.
en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.